Skip to main content

Restaurant

Beim Bertchen

WUELESSEN

GESCHICHT VUM RESTAURANT BEIM BERTCHEN

GESCHICHT VUM RESTAURANT BEIM BERTCHEN

Dat geneet Grënnungsjoer vun der E’slecker Stuff ass onbekannt. No e puer Recherchen konnte mir awer e bëssche Liicht an Donkelt bréngen a schätze d’ Grënnungsjoer op ongeféier 1863.

Eng Tatsaach déi mir awer bestätege kënnen ass dat säit dem Grënnungsjoer “Dikrecher” Béier gezaapt gëtt an domat gehéiert d’Haus och zu deenen eelste Caféen aus dem Land.

Sou huet 1984, d’ E’slecker Stuff zesummen mat der Brauerei hiert 100 jähregt Jubiläum gefeiert. Am Laf vun de Joren huet sech de Betrib, deen Ufanks vun der Koppel David-Michels gegrënnt gouf, vun enger
einfacher klenger Wiertschaft mat Epicerie an zousätzlech engem klenge Bauerebetrib, zu engem Café-Restaurant entwéckelt.

Aus dem klénge Familljebetrib, deen an 100 Joer iwwer d’ Generatiounen David-Michels, Wollf-Michels a Serres-Wolff an de Besëtz vun der Famill Hahn-Serres komm ass, huet den deemolegen Architekt Albert Hahn duerch
ee groussaartegen an aussergewéinlechen Ëmbau e Lokal geschaaft, dat sech séier an eisem Land an iwwer d’ Grenz eraus een Numm gemaach huet.

Vum Éiergäiz ugedriwwen, grënnt den Albert Hahn zesumme mat sengem Bouf, dem Armand, 1986 “d’ Auberge Aal Veinen” zu Veinen, déi bis haut nach am Besëtz vun der Famill ass. Seng Fra Berthe, ville Léit besser
bekannt ënnert dem Numm “Bertchen”, huet och nom Doud vun hirem Mann, bis an d´nonzeger Joren de Betrib erfollegräich weider geleet. No hirem Doud 2002, iwwerhëlt hire Bouf, den Armand Hahn zesumme mat senger Fra Aline d’ Geschäfter.

Haut setzt de Restaurant säi Schwéierpunkt op Fleesch vum Grill an op eng gutt traditionell Kichen a gëtt säit 2019, a sechster Generatioun
vum Steve Martellini weider gefouert.


AUS DER E'SLECKER STUFF GËTT BEIM BERTCHEN

AUS DER E'SLECKER STUFF GËTT  BEIM BERTCHEN
Déi schwéier Decisioun feiert zeréck a d´Joer 2013. No dem onerwaarten Doud vum Proprietär Armand Hahn, iwwerhëlt a leet seng Fra Aline Hahn zesumme mat hirem Eedem déi 2 Geschäfter.

No dësem schwéiere Schlag goufen déi 2 Restauranten zu Wuelessen a Veianen ënnert den Numm “BeimHunn” gesat, a sollen och esou weiderhin hire Client´s weisen dat  déi 2 Betriber am Besetz vun der Famill bleiwen.

5 Joer méi spéit an am Wandel vun den néien Technologien an dem Zäitalter vun dem Internet an Handyen, ginn déi 2 Restaurant ëmmer méi oft bei Reservéierunge matenee verwiesselt.

Fir an Zukunft esou Verwiesslungen ze verhënneren hunn mir eis dofir entscheet den “Hunn am Kuerf” ze loossen, an de Betrib zu Veinen och weiderhin als Gedenken un de verstuerwene Besëtzer Armand Hahn “Beim Hunn” ze nennen.

Eise Restaurant zu Wuelessen soll dogéint als Erënnerung un seng laangjäreg Besëtzerin, Berthe gedenken a gëtt  “Beim Bertchen” gedeeft.

Esou sinn “Beim Hunn” an “Beim Bertchen” och weiderhin duerch Traditioun an un en eenzegaartegt Konzept matenee verbonnen.

Mir freeën eis op äre Besuch a wënschen Iech e puer flotter Stonne bei eis.

WUELËSSEN WAHLHAUSEN

WUELËSSEN WAHLHAUSEN
Duerf Wuelëssen gëtt vun hire Bewunner och „Walëssen“ genannt an leit mat sengem héchste Punkt op enger Héicht vu 524 am Norde vum Land am Distrikt vun Dikrech an dem Kanton Klierf. Wou fréier di al Kierch vum Duerf stoung, ass haut eng kleng Kappel déi als Denkmal un di vill Krichsaffer an zerstéiert Baute soll ernennen.
Wuelëssen gehéiert zu enger vun  den 12 Gemengen aus der Fusiounsgemeng Parc Housen.
Wuelëssen hutt haut ongeféier 417 Awunner, woubäi een erwäne muss dat Duerf well am Joer 1878 em di 309  Awunner gezielt huet.
D'Kanner aus dem Duerf ginn am Parc Housen an d´Schoul. Am Joer 1970 bis 1984 stoung hei op enger Fläch vun ongeféier 150 Hektar ee Déierepark. Dono gouf ee Groussdeel vun der Fläch vum Staat kaaft, an sou kumm et dat se aplaatz vum Déierepark eng Zentralschoul gebaut hunn wou d'Kanner aus der Gemeng bis haut an d'Schoul ginn. 
Um Site selwer steet haut nierwend der Schoul nach d´Schwemm (Aquanatour), een néien Fussballterrain, Tennisterrainen   an den Centre Écologique mam Natourpark Our.